Fri, 25 Feb

|

Eraus aus der Angscht -> frou an den Dag!

Eraus aus der Angscht a frou an den Dag!

An dëser Formatioun kriss du e puer wierkungsvoll Strategien, déi dir direkt hëllefen dech besser ze fillen an och e puer anerer, mat deenen et dir och langfristeg gutt geet. Du fënns deng Liewensfreed nees erëm an et geet dir psychesch wéi och physesch besser.

Les inscriptions sont closes
Voir autres événements
Eraus aus der Angscht a frou an den Dag!

Time & Location

25 Feb, 20:15 – 21:20

Eraus aus der Angscht -> frou an den Dag!

About the event

Fills du dech och niddergeschloen an iwwerwältegt vun der aktueller Liewenssituatioun?

Mierks du, datt deng Liewensfreed, net méi déi ass, déi se nach virun 2 Joer war?

Da bass du net eléng! Nach ni goufen esou vill Medikamenter, géint d’Depressioune verschriwwen, wéi zu dëser Zäit.

D’Angscht, wéi et weidergeet,  an d’Perpektivlosegkeet, féieren zu enger Onsécherheet, déi sech lues awer sécher kierperlech a mental op ons auswierkt.

· Du sichs e Wee fir aus deem Boot do erauszeklammen, mee du weess net wéi?

· Du häss gär deng Liewensfreed zeréck, mee et geléngt dir net?

· Du géifs dech gär gesond a staark fillen a mat Freed den Erausfuerderunge vum Dag begéinen? Awer du fills dech erschloen an et fillt sech alles immens schwéier un?

· Du häss gär méi vum Liewen, egal a wéi engem Beräich, op dat Gesondheet, Gléck oder Finanze betrëfft, mee du gesäis just nach schwaarz?

· Du fënns dech einfach net méi erëm an dëser Gesellschaft an du hues d’Gefill ganz eleng dozestoen?

An dëser 3 deeleger Formatioun ginn ech dir

+ de Schlëssel, deen dir den Zougang gëtt zu denger ënnerlecher Fräiheet

+ Instant-Tipps, déi däi Mentalzoustand direkt veränneren an dech am Moment selwer op

eng aner Frequenz bréngen, esou datts du dech direkt gutt fills

+ Strategien, déi dir hëllefen, datt dësen Zoustand och laangfristeg unhält.

+ Eng Facebookgrupp an där et och no dëse Formatioune weider Informatiounen zu dësem

Thema ginn

+ D'Méiglechkeet och no dësen 3 Owender dëst Thema ze verdéiwen

Tickets

Price

Quantity

Total

  • Event ERAUS AUS DER ANGSCHT

    €390.00

    €390.00

    0

    €0.00

Total

€0.00

Share this event